Zum Haaptinhalt sprangen

News


News Lëscht

Éischt Zeréck Nächst Lescht

Schule macht Zeitung

23/01/2015

Den Zeitungsgrupp hëlt Deel um Concours Jeunes Journalistes dee vum Conseil de Presse an Zesummenaarbecht mam Unterrechstministère organiséiert gëtt. Dëst Joer sinn eng éischte Kéier och Schüler aus dem Fondamentale invitéiert do matzemaachen.
Als Ënnerstetzung fir eise Projet Schoulzeitung hate mir den Roger Infalt, Journalist a President vum Presserot op Besuch. D'Stagiaire, Anne Reuter, di den Roger Infalt matbruecht huet, huet bei där Geleenheet Fote gemaach an den Dag drop war den Zeitungsgrupp vun der Heischter Schoul an der Zeitung.  (Tageblatt Nr. 8 10./11. Januar 2015)


Nuits des Loups

07/01/2015

URGENT!!
D'Nuit des Loups ass wéinst de schlechte Wiederkonditiounen ofgesoot!!
La nuit des loups est annulée à cause des conditions météorologiques!!




Niklosdag

02/12/2014

De 4. Dezember kënnt de Kleeschen an d'Schoul!


Krëschtmaart 2014

25/11/2014

De Krëschtmaart ass eriwwer. E ganz GROUSSE Merci un iech alleguer, datt dir sou zahlräich komm sidd. Mir hoffen ët huet iech gefall.

Mir wënschen iech all schéi Krëschtdeeg an e gudde Rutsch an d'Joer 2015.

Fotoe vun e Samsten fannt der ënnert dem Link.


Dag vum Bam 2014

12/11/2014

Och dëst Joer hunn d’Schoulkanner vum Cycle 4 aus der Heischter Schoul zu Eschdöerf Hecken a Beem geplanzt, am Kader vum nationalen « Dag vum Bam ». Eng gemeinsam Aktioun tëschent dem Naturpark Öewersauer, der Natur- a Forstverwaltung an der Gemeng Esch-Sauer.




Komplementarwahlen

02/10/2014

Den 18.Oktober um 10h30 gin zu Eschduerf am Veräinssall nei Représentants des Parents gewielt.


Vierliesconcours 2014

05/06/2014

D'Lou Cames (Cycle 4.2.) huet sech an der Finall misse geschloe gin.
Mir gratuléieren dem gléckleche Gewënner.



Sportswoch 2014

25/05/2014

Während der Sportswoch 2014 war de C4 op Lëltz bei den SNJ klammen.
Vill Freed beim Foto kucken :-)


Éischt Zeréck Nächst Lescht