D'Ënnerstëtzung fir Aere Browser gët no a no ofgebaut.
Fir all d'Funktioune vun dëser Websäit optimal notzen ze kënnen, recommandéiert EducDesign Iech déi aktuellste Versioun vun dëse Browser ze benotzen.

FireFox Chrome Internet Explorer
Close
schoul-heischent.lu: Home > News
Home > News

News


imagespacer pixel

Winkinger-Camp zu Heischent

28. Juli 2010

D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten haten an deene leschten Deeg ee Camp zu Heischent organiséiert. 729 Wëllefcher aus dem ganze Land hunn eng Woch laang an der Grondschoul an der Turnhal gewunnt, an an der Ëmgéigend flott Wikinger-Aktivitéiten erlieft.

image Artikel_Wort_24_07_2010.pdf (1127 kb)


imagespacer pixel

Elterenvereenegung

11. Dezember 2009

Am Kader vun der Eltereversammlung vum 29. Oktober 2009, a conforme zum neie Schoulgesetz wat Reform vum Primär Schoul Unterrecht virgesäit, ass een Eltere Komitee fir eng Dauer vun zwee Joer gegrënnt ginn. Fir weider Informatioune kënnt Dir hei klicken.



imagespacer pixel

Tiparlo Formatioun

07. Oktober 2009

Den 26. Oktober 2009 fënnt hei am Gebai eng Tiparlo Formatioun statt. Tiparlo ass ee vun den OLEFA Tools di mir an eiser Schoul uwennen a ka benotzt gi fir Sproochopnahmen ze maachen an ze beaarbechten. Weiderhin huet den Tiparlo och nach nei Funktiounen. Séit neistem kann een och Text niewent den Opnamen derbäischreiwen an et kann een och d'Opnamen als MP3 exportéieren. Dat heescht, wann een z.B. d'Geschichte well op CD brennen, da klappt dat ouni Problem.

Falls dir drun interesséiert sidd, kënnt Dir Iech ënner www.schoul-heischent.lu/formatioun aschreiwen.

image Newsletter.pdf (489 kb)

>> weider Informatiounen


imagespacer pixel

Neien Internetsite

01. September 2009

Eisen neie Website ass am gaangen opgebaut ze ginn. Hei fannt Dir an Zukunft nëtzlech an interessant Informatioune ronderëm eis Schoulen. Weiderhi kënnen d'Kanner och direkt online mat den Tools Wiki, Webbook, Storyboard an Tiparlo schaffen.

Déi eenzel Rubriken ginn no an no mat Inhalt gefëllt. Hutt w.e.g. nach e bësse Gedold.




4 vun 4 Elementer ginn op der Säit 1 vun 1 ugewisen ( éischt | zréck | nächst | läscht )