Zum Haaptinhalt sprangen

Ee Moien mat de Spillschoulskanner

13/12/2017

Mir hunn eis déi läscht 6 Wochen all Mëttwoch no der Schoul an der Bibliothéik getraff. D'Joffer Lydie huet eis ee Buch virgeschloe wat "Eng Geschicht vum Kleeschen" geheescht huet. Mir hunn eis den Text vum Buch opgedeelt an eng Aart Theater doraus gemaach. Dono hu mir verschidden Aktivitéiten am Internet gesicht, dobäi si mir op en Danz an eppes fir ze bastelen (ee Kleeschen aus enger Béchs), wei och ee Boxemännche fir ze bake gestouss.
Samschdes den 2.Dezember si mir dunn an d Spillschoul gaange wou mir Kanner een nom anere begréisst hunn. Am Ufank ware mir enttäuscht well nëmmen 8 Kanner vun 13 ugetruede sinn.Als eicht hu mir hinnen eis Geschicht virgedroen, dunn hu mer gedanzt an nodeems hu mer ugefaange mat baken a bastelen. Zäit ass séier ëmgaangen. De Liesmoie mat de Spillschoulskanner huet eis gutt gefall. Kanner ware brav an hunn gutt matgemaach.

Sarah     Annalena    Emrah    Rafael