Insektenhotel
Den C2.1 huet een Insektenhotel gefëllt.
Den 1. Abrëll ass den Naturpark Öewersauer an d'Schoul komm fir mam Cycle 2.1 den Insektenhotel bei der Spillplaz vum Précoce ze fëllen.
D'Kanner hunn 3 Statioune gemaach:
- Spiller zum Thema Insekten (Nektar sammelen, Liewensmëttel erkennen déi bestäubt ginn)
- Material fir an den Insektenhotel virbereeden (Douse mat Leem Bambus fëllen)
- Erklärungen iwwer verschidden Insekten (virun allem Beien) an den Insektenhotel fëllen
Et war e flotten a léierräiche Moien, mir soen dem Naturpark Öewersauer villmools Merci fir déi flott Aktivitéit.