
Liesowend am Précoce
Liesowend am Précoce (Klass Julie/Nancy/Stephanie, Klass Anna/Lexy/Lydie)
Mir haten een immens flotte Liesowend. Et huet eis ganz vill Freed gemaach, d’Liichten an den Ae vun de Kanner ze gesinn, wéi si mat Begeeschterung eise Geschichten nogelauschtert hunn.
D'Kanner krute 4 verschidde Geschichte verzielt. Des Geschichte goufe mat Instrumenter begleet, als Stafpoppentheater, mat Petzien... verzielt. Fir datt d'Kanner alleguer nom Liesowend Doheem an d'Bett konnten, koumen si nee och d'Jofferen am Pyjama an d'Schoul an hunn all zesummen an engem gemittleche Klassesall giess.