
Ouschtermoien am Précoce 2025/2026
Déi zwou Précoce-Klassen hunn ee flotten Ouschtermoien matenee verbruecht.
No engem leckeren Iesse mat Wafelen an Uebst, hunn d'Kanner 4 verschidden Ateliere gemaach:
- Ouschtergeschicht mat verschidde Kläng
- Ouschterparcours am Beweegungsraum
- Ouschterbracelet bastelen
- Fuerschen an Triwwele ronderëm d'Thema Ouschteren
D'Kanner a mir hate ganz vill Spaass zesummen.
Mir wënsche jidderengem schéin Ouschteren!