Weltdag vum Buch an 'Journées du livre et du droit d’auteur' (Cycle 4)



Virliesaktivitéit am Cycle 4 zum Weltdag vum Buch (23.04.2025) an de 'Journées du livre et du droit d’auteur'.



Pünktlech zum ´Weltdag vum Buch´ an am Kader vun de 'Journées du livre et du droit d’auteur', déi op Initiativ vum SCRIPT tëscht dem 22. an dem 25. Abrëll 2025 ofgehal ginn, hunn d’Léierinnen an d’Schoulmeeschteren aus dem Cycle 4 eng flott Virliesaktivitéit fir all hir Klassen organiséiert.

D’Kanner aus deene 4 Klassen aus dem Cycle 4 hunn sech am Virfeld vun de Liesungen an enger VieSo-Stonn mam Thema Helden auserneegesat. Si hunn zesummen iwwerluecht, wat fir Zorten Helden et gëtt, hunn iwwert hir perséinlech Helden geschwat an hu festgehal, wat d’Eegenschafte vun engem Held sinn.

Dono kruten d’Kanner dunn vun der Joffer Sandra, der Joffer Marie-France, der Joffer Corinne an dem Schoulmeeschter Maurice aus 4 verschiddenen Heldenbicher virgelies. D’Kanner konnte vu Klass zu Klass goen an sech déi eenzel Extraiten ulauschteren, respektiv matliesen. Si hu bei all Liesung misse rausfannen, wéi den Held vun der Geschicht heescht a wéi eng Zort Held et ass.

Zum Schluss kruten si nach ënnerschiddlech, ganz flott, nei Helden-Bicher gewisen, déi d‘Schoulbibliothéik an hirem Fong huet an déi si vun dëser Woch un ausléine kënnen.

Fir d’Aktivitéit ofzeschléisse konnten d’Kanner nach een Held molen an een Helden-Sudoku maachen.