
Bibliothéiksaktivitéit Précoce an C1
Och am C1 an am Précoce haten d'Kanner dëst Trimester eng Bibliothéiksaktivitéit.
Am C1 hu mir dem Zoodirekter Wibbelwapp a sengem Kolleeg Pickchen gehollef, d'Déieren erëmzeerkennen. De Léif hat nämlech eng ganz speziell Iddi: hien hat decidéiert, datt jidderee sech an dat Déier ka verwandelen, wat en ëmmer wollt sinn. Doduerch sinn déi verrécktst Déieren entstanen! Oder hutt dir schonn eemol e Flanil gesinn? Dat ass en Nilpäerd, dat sech als Flamingo verkleet huet! Fir de Zoodirekter war dat e grousse Problem, well hien alles huet misse reegelen, ier den Zoo seng Dieren opmécht. Ouni d'Hëllef vun de Kanner wier dat bal onméiglech gewiescht! Mat vill Spaass a Fantasie hunn si zesumme geroden, wéi eng Déieren sech hannert deene komesche Verkleedunge verstoppt hunn, a sou dem Wibbelwapp a sengem Kolleeg eng grouss Hëllef geleescht.
Am Précoce hunn d'Kanner op spilleresch Aart a Weis Déieren a Saache gehollef, hir Aufgaben ze erleedegen. Sou hunn si dem Léif gehollef, d'Blieder aus senger Mähn ze rëselen, an dem Wuessfaarwe gehollef, e schéine Reebou ze molen. Mat vill Freed a Begeeschterung hu si déi verschidden Déieren op hire klengen Aventuren ënnerstëtzt.