
Thema „Vulkan“ am Cycle 4.2
Thema „Vulkan“ am Cycle 4.2
D’Kanner aus dem Cycle 4.2 (Joffer Sandy/ Joffer Marie-France) hunn sech an den Naturwëssenschaften an deene läschte Woche mam Thema Vulkan ausernee gesat.
Nodeems d’Kanner den Opbau vun eiser Äerd an de System vun der Plackentektonik an hiren Auswierkunge kennegeléiert hunn, hunn si sech mat deene verschiddenen Zorte Vulkaner vertraut gemaach.
Zum Schluss vun der Unitéit konnten si dunn selwer hiren Natron-Vulkan bastelen an explodéiere loossen, woubäi si vill Spaass haten.