Lafe fir de gudden Zweck am Schoul Campus- 13 000 Euro Scheck fir Madagaskar



Eschduerf: Och dëst Joer hunn d’Schoulkanner vum “Campus am Ale Bësch“ vun Eschduerf erëm hier Lafschung gestréckt a sinn, am Kader vun der Sportswoch, den 21. Mee 2025 bei engem Sponsored Run fir de gudden Zweck gelaf. D’Kanner hunn am Virfeld fläisseg no Sponsore gesicht, déi si mat engem finanzielle Geste bei hirem sportlechen Effort motivéiert an ënnerstëtzt hunn. Vu kleng bis grouss sinn d’Schüler aus de Cyclen 1 bis 4 op dësem Dag iwwert sech eraus gewuess : Déi onbeschreiflech Zomm vun 13000€ ass dank hirer Leeschtung zesummekomm a kënnt der Asbl „E Pak fir Madagaskar“ zegutt. Dank hirer onermiddlecher Ustrengung an der Generositéit vun de Sponsore kënnen eis Schüler hëllefen „d’Schoulmaterial fir déi gutt 1000 Kanner aus de 4 Partnerschoulen op Madagaskar ze finanzéieren oder 200 Kanner an der Kantin vun der Ecole Santa Lucia bal ee ganzt Schouljoer laang 4x d’Woch e gratis Menü ze zerwéieren“, esou d‘Sandra Bleser an d‘Nadine Steffen vun der Asbl „E Pak fir Madagaskar“. D’feierlech Scheckiwwerreechung konnt d’Schoulcommunautéit mat hirem grousse Campusfest vum 11. Juli 2025 verbannen.

Duefir wëllt d‘Léierpersonal vun der Eschduerfer Schoul, de Kanner hei nach eng Kéier fir hir Leeschtung felicitéieren, a si stolz op hire Succès an dodrop, dass si zesummen d’Welt e klengt Stéck besser gemaach hunn. (Foto: Charles Reiser )(Text: Christine Reiter )



https://www.mywort.lu/de/mywort/eschdorf/news/lafe-fir-de-gudden-zweck-am-schoul-campus-13-000-euro-scheck-fir-madagaskar-687200aade135b92366aa42b