
Fuesmoien am Précoce 2025/2026
Déi zwou Précoce-Klassen hunn ee geckege Fuesmoien matenee verbruecht.
All Kand huet vun Doheem eppes matbruecht fir op eise gemeinsame Buffet, sou datt mir schlussendlech ee risegen an diverse Buffet haten op deem jiddereen eppes fir säi Goût fonnt huet!
Am Uschloss ass et du weider gaang mat 4 Atelieren:
- Yoga zur Fuesent
- Clownenhittche bastelen
- Faarwege Beweegungsparcours
- Fuerschen an Triwwelen am Fuerscherraum passend zum Thema
Natierlech ware mir och alleguer verkleet an hunn eis esou prächteg amuséiert!
Heimat wëlle mir och nach eng Kéier den Elteren an de Kanner een décke Merci soe fir all déi lecker Saachen op eisem Buffet!