Bichermaart um Dag vum Buch



Den 23. Abrëll, um Dag vum Buch, huet sech eise Schoulcampus Am ale Bësch an eng faarweg Welt ronderëm d’Liesen an d’Bicher verwandelt.

D’Kanner konnten u ville spannenden Aktivitéiten deelhuelen: ee grousse Bichermaart vun de Kanner fir d’Kanner, wou d’Schüler aus dem C4 de Verkaf iwwerholl hunn, Virliesstonnen mat Elteren, Billerbuchkinoen, Escape Rooms, kreativ Atelieren a villes méi.

E weideren Highlight waren d’Visitten an der Eschduerfer Bibliothéik, wou d’Kanner Geschichten entdeckt an en Abléck an d’Bibliothéikswelt kruten.

Mir wäerten eis och weiderhin dofir asetzen, fir de Kanner d’Freed um Liesen an um Buch nohalteg mat op de Wee ze ginn.