Halloween am Précoce 2025/26



Haut haten déi zwou Précoce-Klassen zesummen ee schéine, grujelegen Halloweensmoien!

Als éischt hu mir eis gutt gestäerkt um Halloweensbuffet, deen d'Joffere gezaubert hunn - esou vill Leckereien. Duerno hu mir 4 verschidden Ateliere gemaach:

1. Am Fuerscherraum gouf experimentéiert a getriwwelt.

2. D'Kanner hunn sech en Undenke gebastelt.

3. Beim Grujelparcours hunn si gewisen, wéi couragéiert si sinn.

4. An éier si eng flott Geschicht héieren hunn, hunn si nach e klengt Rätsel misse léisen.

Et war esou ee flotte Moien - ëmmer nees gär!