
Halloween am Précoce
Halloweensmoien am Précoce (Klass Julie/Nancy, Anna/Lydie) ️️
Déi 2 Klasse sinn a 4 kleng Gruppen opgedeelt ginn, wou se dunn u 4 Atelieren deelgeholl hunn.
1. Atelier: war eng kleng Molaktivitéit
2. Atelier: d' Kanner kruten d'Geschicht kee fäert d'Lilli, eng lëtzebuergesch Geschicht vum Jeff Herr verzielt.
3. Atelier: hei hunn d'Kanner an eisem flotte Beweegungsraum ee Grujelparcours gemaach
4. Atelier: an eisem Fuerscherraum konnten d'Kanner Experimenter maachen an am Triwweldësch triwwelen.
D'Jofferen haten de Kanner ee grujelege Buffet gezaubert, hei huet Jiddereen eppes Leckeres z'iesse fonnt.