
De Kai Pannen, ee bekannten däitsche Schrëftsteller an Illustrateur wor bei eis op Besuch
Deen däitschen Auteur an Illustrateur Kai Pannen huet de 15. Juni dee ganzen Dag iwwer flott Liesunge fir d’Klassen aus dem C2.2 bis C4.2 bei eis an der Schoul gehalen.
D’Kanner haten d’Geleeënheet, him nozelauschteren, wéi hien aus senge Bicher „Rabatz in Wabe 13“, „Du spinnst wohl!“ an „Andro -streng geheim“ virgelies huet. Mat vill Humor an ofwiesslungsräiche Stëmmen huet hien d’Figuren aus senge Geschichten zum Liewe bruecht an d’Schülerinnen a Schüler begeeschtert.
Nieft der Liesung huet de Kai Pannen de Kanner och gewisen, wéi seng Illustratiounen entstinn. Op Iddie vun de Kanner hin huet hie live e Bild gemoolt. D’Schülerinnen a Schüler hu verschidde Virschléi gemaach, déi hien no an no an d’Zeechnung integréiert huet. Mat vill Talent an Humor sinn sou e puer originell Figur entstanen, an d’Kanner ware begeeschtert ze gesinn, wéi aus hire Virschléi Schratt fir Schratt eng Zeechnung ginn ass.
No de Liesungen konnten d’Kanner dem Kai Pannen nach Froe stellen a méi iwwer seng Aarbecht als Auteur an Illustrateur gewuer ginn. Et war eng spannend, kreativ an onvergiesslech Begéinung mat deem bekannte Kannerbuchautor an Zeechner vun Hamburg.