
Bibliothéiksaktivitéit fir den C2
Billerbuchkino "Pippilothek??? - Eine Bibliothek wirkt Wunder" fir den C2.
Am Kader vun de Bibliothéiksaktivitéiten hunn e puer Klassen aus dem C2 e Billerbuchkino vum Buch Pippilothek???-Eine Bibliothek wirkt Wunder entdeckt. D’Kanner hunn sech dobäi intensiv mat der Fro beschäftegt, firwat Bibliothéiken esou wichteg sinn a wéi wäertvoll Bicher fir eis all kënne sinn. Si hunn erkannt, datt Bicher net nëmme Wësse vermëttelen, mee och Mënschen zesummebréngen a souguer Feindseelegkeete kënnen iwwerwannen.
Als flott Ofschlossaktivitéit hunn d’Kanner dunn eng kreativ „Bibliothéiksmaus“ gebastelt – ganz am Geescht vun der Geschicht.